Kuerz viru 4h00 si bei der Police zu Oochen direkt e puer Meldungen erakomm, dass eng Fra géif jäizen an ëm Hëllef ruffen. 5 Minutten no der éischter Meldung war och schonn deen éischte Policeauto op der Plaz an huet Passante gefrot, vu wou d'Jäize géif kommen. Och d'Police huet d'Jäizen héieren an ass der Spuer nogaangen. Kuerz no 4h00 koum dunn d'Entwarnung vun enger weiderer Policepatrull: D'Jäize koum vu 4 Fraen aus dem Spidol, déi zäitgläich accouchéiert hunn! Well et an der Nuecht esou waarm war, waren d'Fënsteren am Spidol alleguer op a vue dass déi 4 Fraen a 4 verschiddene Raim waren, hunn d'Leit dobaussen d'Gejäiz op verschiddene Plazen héieren!