An hei?!Gangster-Trio klaut Hornhai aus Aquarium

Zu San Antonio an Texas huet e Mann mat sengen 2 Komplizen en Hornhai aus engem Aquarium geklaut!

Leschten Update: 31.07.2018, 16:08:45

© www.pixabay.com

Am Aquarium zu San Antonio an Texas gëtt et eng Aart "Streichelzoo" fir Mieresdéieren! An dësem Basseng schwammen och déi kleng Hornhaien, déi d'Visiteuren upake kënnen. E Gangster-Trio huet elo genau esou een Hornhai geklaut, andeems si den Hai an enger Poussette aus dem Aquarium fort transportéiert hunn. Duerch d'Iwwerwaachungskamerae konnt d'Police déi 3 Déiwen awer séier fannen, sou dass d'Gangster bestrooft an den Hai erëm zréck an den Aquarium bruecht konnt ginn!