An hei?!Kleng Ofkillung gefälleg?

Ofkillen am Frigo? E Supermarché an Däitschland mécht et méiglech!

Leschten Update: 01.08.2018, 15:18:17

© https://www.facebook.com/Edekakochfriedberg/

An Däitschland bitt e Supermarché als Erfrëschungs-Offer géint d'Hëtzt e puer Minutten an hirem Frigo un! Wien also wëll, ka sech fir nëmmen e puer Euro an de Frigo e puer Minutten ofkille goen. De Gerant vum Supermarché huet d'Offer op engem Schëld virum Buttek stoen an obwuel et just als Geck geduecht war, hunn awer schonn e puer Cliente vun der Offer profitéiert a si sech an de Frigo vum Supermarché ofkille gaangen! Bei der Offer fir 2 Minutten an de Freezer vum Supermarché sech ofkillen ze goen, huet awer nach kee Client sech getraut. Da bleiwen d'Leit léiwer beim Frigo...