2020 soll a Japan eng Klimaanlag op de Marché kommen, déi duerch eng Gesiichtserkennung mierke soll, wann e Mataarbechter um Aschlofen ass. Wann dëst dann de Fall ass, soll d'Klimaanlag sech aktivéieren a kal Loft duerch der Raum zirkuléiere loossen, fir d'Temperatur am Raum erofzesetzen oder esou guer dem Mataarbechter direkt eng kal Loft an d'Gesiicht blosen, dass dësen erëm waakreg gëtt!