2 Seniore sinn aus engem Altersheem fortgelaf an hu sech dunn op de Wee gemaach fir op de Wacken Festival! Ronn 37 Kilometer hunn déi 2 Männer missten zréckleeë fir op de Metal-Festival ze kommen, dëst huet déi 2 awer net dovunner ofbruecht op hire Liiblings-Festival ze goen! Well d'Altersheem séier bemierkt huet, dass déi 2 Männer géife feelen, hu si d'Police alarméiert an eng Sich-Aktioun gestart! Nuets um 3h00 huet eng Police-Patrull déi 2 fonnt a se gebieden heemzegoen! Well déi 2 Männer awer net fräiwëlleg an den Taxi geklomme sinn, huet d'Police den Taxi begleet, fir sécher ze goen, dass déi 2 Männer nees am Altersheem ukommen.