
© Screenshot YouTube
Popcorn mat Zocker ass de Standardsnack, wann et an de Kino geet. Popcorn mat Salz ass och nach ok. Mee Poporn mat Maggi?! Genee dat probéiert elo e Kino zu Homburg am Saarland!
Wéi een op der Facebook-Säit an um Instagram-Account vum Kino gesäit, ass dat hei kee Witz. An engem Interview sot de Sebastian Bernd, datt eigentlech e Client hien drop bruecht hat: Wéi hien de Client gefrot huet, wéi hie säi Popcorn gären hätt, sot deen am Geck: "Am Léifste mat Maggi."
Am Interview sot de Sebastian Bernd nach, datt d'Reaktioune bis elo zeréckhalend sinn. De spezielle Maggi-Popcorn géif et awer och eréischt zënter Enn Juli ginn. Ob et also wierklech e Succès gëtt, bleift ofzewaarden.