
© www.youtube.com
China huet decidéiert den neie "Winnie-the-Pooh"-Film ze verbidden. De Film mam Titel "Christopher Robin" ass eng Realfilm-Adaptatioun vum wuel bekannte Kannerfilm. Wat mécht de Kannerfilm dann esou schlëmm dass e verbuede gëtt? China zenséiert de Film aus just engem Grond: De Winnie Pooh soll ze vill hirem Staatschef dem Xi Jinping gläichen. Biller vum Winnie-the-Pooh sin a China am Fong schonns zënter längerem verbueden, fir systemkritesch "Xi Puh Jinping"-Memes ze verhënneren.