An hei?!Speziell Spiller-Presentatioun beim FC Villarreal

Den FC Villarreal huet bei der Presentatioun vun engem neie Star déif an d'Trick-Këscht gegraff.

Leschten Update: 12.08.2018, 11:49:56

© LLUIS GENE / AFP

Beim FC Villarreal gouf et dës Woch eng Presentatioun vun engem neie Star, déi e bëssen anescht war. D'Presentatioun huet ee Magier iwwerholl. Dësen huet op engem Fussballsterrain een duerchsichtegt Rouer mat Dampf verniwwele gelooss. No e puer Sekonne war op ee mol ee Spiller am gielen Trikot am Rouer. Eraus koum de Santi Cazorla. De Cazorla hat well vun 2003 bis 2011 fir Villarreal gespillt.

Kuckt hei déi "magesch" Presentatioun. D'Fans ware jiddefalls begeeschtert...: