An hei?!Alkoholiséierte klaut 1.70 Meter grouss Fritten-Tut

XXL, awer net ze genéissen! – Dëse Snack war den Opwand net derwäert…

Leschten Update: 14.08.2018, 11:31:12

© Pexels

Am Soff kënnt dacks den Honger, virun allem op Fast Food. Beléift ass do natierlech de Klassiker: eng Fritt. Dat huet sech och e 19 Järegen geduecht deen op der Cranger Kiermes ze déif an d’Glas gekuckt hat. Mam Ënnerscheed datt e mat der geklauter Plastik-Fritt säin Honger wuel net stëlle konnt.

Wéi d’Police mellt soll den alkoholiséierte Mann eng  1.70m grouss Fritten-Tut aus Plastik geklaut hunn, déi als Form vu Publicitéit virun der Frittebud stoung. Wéi d’Police hien erwëscht huet, hat en de "Snack" zwar schonn op de Buedem geheit, d’Beamte konnten beim duerchsichen awer nach zwou Plastik-Fritte bei him sécher stellen.

Nom Alkoholtest, deen e Wäert vun 1.3 Promill erginn huet, huet d’Police dofir gesuergt datt och déi rechtlech XXL-Fritten hire Wee zréck op d’Kiermes fonnt hunn. E richtege Snack gouf et fir den Déif schlussendlech awer net méi.