
© Pexels
Den Trevi-Buer an der italienescher Haaptstad Roum gëllt als eng vun de beléiftsten Touristen-Attraktiounen, virun allem wann et ëm Selfien geet.
D’Plaz ass esou beléift, datt et läscht Woch esouguer zu Handgräiflechkeete koum. Zwou Fraen, déi sech de beschten - a virun allem de selwechten - Selfie-Spot erausgepickt haten, waren unenee geroden. Weder déi 19-järeg Hollännerin, nach déi 44 Joer al Amerikanerin wollt dës perfekt Instagram-Zeenerie verloossen. E Konflikt, deen et friddlech offensichtlech net ze léise gëllt. Esou ass d’Situatioun eskaléiert.
Instagram narcissism leads to blows: 44-yo American woman and Dutch teenager start an 8-person brawl at Rome’s Trevi Fountain over prime selfie positions. https://t.co/vo3AJjpf9W pic.twitter.com/7IWAE497Sy
— Helen Kennedy (@HelenKennedy) 10. August 2018
Op de Fotoen vun aneren Touristen ass ze gesinn, wéi d’Fraen openee lassginn a schlussendlech souguer Famill a Frënn sech um Sträit bedeelegen. Am Endeffekt ware ganzer 8 Mënschen, souwuel Kanner wéi Erwuessener, am Virfall involvéiert. Dobäi koum et zu klenge Blessuren - ier et awer komplett eskaléiere konnt, huet d'Police agegraff.
Wat ee net alles mécht fir déi perfekten Instagram-Foto…