An hei?!Iwwer 777.000 Douse Red Bull geklaut

Do haten e puer Leit déi extra Energie wuel besonnesch néideg...

Leschten Update: 15.08.2018, 09:16:01

© AFP/Archiv/GUILLAUME BAPTISTE

Schonn e Sonndeg soll deen aussergewéinlechen Déifstall zu Menen un der belsch-franséischer Grenz geschitt sinn. Wéi et vun der belscher Police heescht, hunn eng Partie Déiwen ronn 300 Paletten vum Gedrénks matgoe gelooss - dat sinn 777.600 Dousen, déi ëmgerechent e Wäert vu bal enger hallwer Millioun Euro hunn!

D'Police geet dovunner aus, datt de spektakulären Déifstall ronn 12 Stonne gedauert soll hunn an datt d'Déiwen e puer mol Hin an Hir gefuer sinn, fir d'Paletten ze transportéieren.

Elo sollen d'Opname vun den Iwwerwaachungskameraen ausgewäert ginn, fir di Onéierlech ze fannen.