An hei?!Pompjee gëtt vu Papagei beleidegt!

Well de Papagei "Jessie" et sech zu London op engem Daach gemittlech gemaach huet an net méi erofkomme wollt, huet Besëtzerin d'Pompjeeë geruff!

Leschten Update: 17.08.2018, 09:32:26

© www.pixabay.com

3 Deeg laang souz de Papagei "Jessie" um Daach vum Nopeschhaus a wollt einfach net méi erofkommen! Well all Versuch de Papagei unzelackele gescheitert ass, huet d'Besëtzerin d'Pompjeeë geruff! Den Haaptmann vun der Londoner "Fire Brigade" huet sech bereet erkläert de Papagei vum Daach erofzehuelen. Fir d'Vertraue vum Papagei ze kréien, huet de Pompjee "Ech hunn dech gär" zum Papagei misste soen, wouropshin d'Jessie mat "Ech dech och" geäntwert huet. Duerno ass d'Gespréich allerdéngs eskaléiert an d'Jessie huet seng bësse méi rau Säit gewisen an zum Pompjee "Fuck off" gesot an ass op en aneren Daach an duerno op e Bam geflunn. Kuerz drop ass de Papagei fräiwëlleg erëm heem geflu komm.