
© LUIS ROBAYO / AFP
D'Granat vun der Mark Breda louch no senger Ofrees am Zëmmer a war wuelgemierkt nach schaarf!
Wärend de Botzaarbechte gouf se um Fënsterbriet entdeckt an aus der Fënster geheit. Wäert jo näischt geschéie wäert sech wuel ee geduecht hunn.
Duerno gouf se awer an de Stall vun der Bauernhaffpensioun bruet.
Den Déngscht zur Entschäerfung vun der Granat gouf geruff. Et hätt ee festgestallt datt d'Waff keng Sécherung hat a nach schaarf war.
Se gouf op sécher Aart a Weis op e Sandbett transportéiert. D'Pensioun an d'Géigend hu misse wäitraimeg gespaart ginn.
Souguer eng Hochzäitsgesellschaft huet missen op d'Entwarnung waarden.