
© Pexels
D'Awunner vun Tripolis ginn déi meescht Weekender vun haardem Geknupps erwächt. Ma d'Ursaach vum Kaméidi ass net, wéi ee vläicht menge kéint, d'Kämpf tëscht den zwou Gruppéierungen déi aktuell an deem nordafrikanesche Land ëm d'Muecht kämpfen.
No der Revolt, déi zum Stuerz vum Diktator Muammar al-Gaddafi gefouert hat, sinn nämlech eng ganz Partie Waffen a Sprengstoff am Land zeréckbliwwen.
Eng Rei besonnesch ''raffinéiert'' Fëscher benotzen dee Sprengstoff elo fir domadder ze fëschen. Dat Ganzt gesäit dann esou aus, dass Dynamit am Waasser zum Explodéiere bruecht gëtt an d'Fësch, déi duerch déi sou entstanen Drockwell stierwen an no uewen dreiwen, mat Netzer agefaange ginn.
Vun offizieller Säit heescht et, dass souwuel d'Fësche mat Dynamit wei och d'Benotzung vu Sprengstoff ouni Permis verbuede sinn.
Allerdéngs ass d'Duerchsetzung vum Fëschereigesetz aktuell keng Prioritéit vun den Autoritéiten. D'Fësch virun der libescher Küst kënnen engem also weiderhi leed doen...