An hei?!Ouverture vum éischten "Kwik-E-Mart"!

Shoppe wéi d'Famill Simpsons? Am Bundesstaat South Carolina an den USA ass dëst elo méiglech!

Leschten Update: 21.08.2018, 09:33:25

© Twitter

Wien "The Simpsons" kennt, dee kennt och de "Kwik-E-Mart"! Ma vun elo u kënnen net nëmmen d'Simpsons dohinner akaafe goen, nee, d'Awunner vu Myrtle Beach an den USA kënnen elo och endlech "Buzzzz Cola", "Squishees" an "Heat-Lamp Dogs" drénken an iessen. Well net nëmme vu baussen, ma och de ganzen Interieur vum Buttek gläicht dem Original aus der Comic-Serie, sou dass een am Sortiment vum Buttek och vill Produite fënnt, déi bei "The Simpsons" konsuméiert ginn!