An hei?!Sportbegeeschtert Koppel nennt Kand no Asiatesche Spiller

Eng sportbegeeschtert indonesesch Koppel huet fir d'Ouverture vun den Asien-Spiller hiert Kand no de Spiller gedeeft!

Leschten Update: 21.08.2018, 15:43:04

© MONEY SHARMA / AFP

Zënter dem Ufank vun den olympeschen asiatesche Spiller den 18. August, hunn elo Elteren decidéiert hiert neigebuere Meedchen no den Asiatesche Spiller ze nennen. An engem franséischen Artikel vun der AFP heescht et, datt d'Elteren dem Kand de Virnumm Abidah Jeux Asiatiques ginn hunn.

D'Koppel hat wëllen den historeschen Event vun de Spiller mat der Gebuert vu hirem Kand feieren. Dat duerch d'Deefe vu hirem Kand mam Numm vun den olympesche Spiller.

D'Elteren hoffen, datt hiert Meedchen sech och fir de Sport interesséiere wäert an e Star gëtt. Donieft huet d'Koppel matgedeelt, datt d'Kand säin Numm kann ännere wann et grouss an al genuch wier.