An hei?!De Wayne Rooney ass e "klenge Fettsak"

Déi chinesesch Fussballfans beweisen nawell vill Fantasie wann et ëm d'Nimm vun hire Liiblingsspiller geet...

Leschten Update: 22.08.2018, 12:15:10

© GETTY/AFP/Patrick McDermott

De Fussball boomt an China. All groussen europäesche Club huet mëttlerweil Unhänger am bevëlkerungsräichste Land vun der Welt an ëmmer méi grouss Stare vum Sport zitt et – net des lescht wéinst dem Geld – an déi chinesesch ''Super League''. Ma fir verschidde Spiller huet den chinesesche Fussballboom eng méi oder manner witzeg Konsequenz. Well sech d'Nimm vu verschiddene Spiller nämlech net ob Chinesesch iwwersetze loossen, hunn d'Supporter sech eng Rei vu Spëtznimm afale gelooss.

Sou gëtt den Carlos Tevez, deen no engem ganz ongléckleche Joer bei ''Shanghai Shenhua'' bei d'Boca Juniors gewiesselt ass, ''Bouf mat ganz vill Heemwéi'' genannt, den Mesut Özil ass als ''kleng Fra'' bekannt an de franseiche Shooting-Starr Kylian Mbappé gëtt wéinst sengem jonken Alter ''klenge Welpe'' genannt.

Am schlëmmsten dierft et awer de Wayne Rooney erwëscht hunn. Den Ex-Man United Star ass a China wéinst senger kräfteger Statur als ''klenge Fettsak'' bekannt. Do dierft et dann och just e klengen Trouscht sinn, dass den Numm laut den Supporter net béis gemengt ass...