
© Youtube Screenshot
Beim online Dating kann ee net ëmmer alles fir boer Mënz huelen, ëmmerhi wëll een sech vu senger beschter Säit weisen. Mat enger klenger Ligen hat dem Natasha Aponte seng Aluedung op en Date allerdéngs net méi vill ze dinn.

De Sonnden Owend hu sech iwwer 100 Männer gläichzäiteg um Union Square zu New York versammelt an dat fir eng Fra ze treffen: d’Natasha Aponte, Schauspillerin, Model a Sängerin. Woumat dës awer net gerechent hunn war datt si net déi eenzeg Dating Kandidate waren. Iwwer Tinder hat d’Natasha mat iwwer 100 "matches" e Rendezvous ausgemaach an déi meescht Kandidaten sinn hei wuel vun engem klasseschen Date ënnert zwee An ausgaangen.
Falsch geduecht: d’Natasha ass wéi di meescht Männer versammelt war op d’Bühn geklommen an huet e sou ze soe "real life tinder" opgefouert. Ugefaange mat der Optik, wien der Fra net direkt gefall huet gouf heem geschéckt. Och déijéineg déi vun hirer Ex verlooss goufen hate keng Chance, genee sou wéi déi di net genuch Pompele fäerdeg bruechten. Zum Schluss haten d’Männer dann nach eng Minutt Zäit ze erkläre firwat si hat weiderhin date wéilten. Engem Kandidat no ass souguer e Gewënner aus der ganzer Affär erausgaangen, de Numm ass awer nach onbekannt.
Wärend e puer Männer d’Aktioun mat Humor geholl hunn, waren di aner enttäuscht. Ëmmerhin haten sech der e puer scho richteg Hoffnunge gemaach a ware vu wäit hierkomm.
The scene pic.twitter.com/U0ROAWKDQc
— миша (@bvdhai) 19. August 2018
Op et dann elo wierklech just dem Natasha säin egoistesche Wonsch war eng Aart Dating Show op d’Been ze stellen, oder op méi hannert dem Experiment stécht, dat ass nach net gewosst. D’Agentur "Rob Bliss Creative", déi fir viral a provokativ Videoen bekannt sinn, huet awer annoncéiert datt se den Donneschden e Statement verëffentleche fir dat Ganzt opzeléisen.