An hei?!Mann fält a vermeintlecht Konschtwierk

E Musée-Visiteur hält Lach um Buedem fir opgemoolte Konscht a stierzt dran.

Leschten Update: 23.08.2018, 09:41:05

© Youtube Screenshot

Säi Besuch am Serralves-Musée zu Porto huet sech dëse Konscht-interesséierten Italiener bestëmmt anescht virgestallt. An engem klengem Raum vum Musée fir zäitgenëssesch Konscht, an deem ëmmer nëmmen e puer Leit gläichzäiteg eragelooss ginn, ass e ronn 2.5 Meter déift Lach ze gesinn. Déi donkel a ronn Ëffnung léisst allerdéngs just schwéier roden wéi déif et tatsächlech ass.

E 60 järegen Italiener huet d’Lach fälschlecherweis fir eng optesch Täuschung gehalen an ass eragefall. Obwuel ronderëm Warnschëlter stoungen, wollt de Visiteur sech selwer vergewësseren op et just opgemoolt wär.

Mat enger Vermuddung hat e Recht: d’Lach ass e Konschtwierk, allerdéngs keen opgemooltent. Déi donkel Ëffnung an der Mëtt vum Bëtongsbuedem ass e Wierk vum britesche Bildheeër Anish Kapoor aus dem Joer 1992. Et heescht "Descent into Limbo", also Ofstig an d’Ënnerwelt.

Fir de Visiteur aus Italien war de Numm Programm. Bis an d'Ënnerwelt ass et awer net gaangen, just an d’Clinique, déi en awer mëttlerweil schonn nees verloossen duerft.

Ganz um Enn vum Video ass d'Konschtwierk "Descent into Limbo" ze gesinn: