An hei?!Dat war wuel ee mol ze vill getweet...

Well déi amerikanesch Fra esou frou iwwer hire Stage bei der Nasa war, wollt Si dëst via Twitter hire Frënn matdeelen. Dëst ass awer no hanne lass gaangen!

Leschten Update: 24.08.2018, 12:54:37

© Twitter

Mam Tweet "Everyone shut the fuck up! I got accepted for a nasa internship!" huet eng Amerikanerin wuel deen dommste Feeler an hirer Carrière gemaach! Well eigentlech wollt Si just jidderengem matdeelen, wéi frou Si iwwert hire Stage bei der Nasa ass. Ënnert de Post huet dunn e Mann geschriwwen, dass hatt e bëssen op säi Language oppasse soll. Doropshin huet d'Fra voller Euphorie drënner geschriwwen, hie soll säin Intimberäich lecken, well schliisslech géif hatt elo bei der Nasa schaffen. Wat déi jonk Fra awer net wousst, ass, dass de gudde Mann och fir d'Nasa géif schaffen an zwar an engem Gremium, dat d'Nasa iwwerpréift! Den Tweet huet déi jonk Fra doropshi séier geläscht, ma leider net séier genuch, well de Post huet schonn d'Ronn am Internet gemaach. Duerch dëse Post huet Si hir Stageplaz dunn och leider erëm verluer...