9 Joer huet e Mann an Indonesien senger Ex-Fra keen Ënnerhalt bezuelt - elo huet e seng Scholde beglach! 12 Säck Mënz huet de Mann mat enger Schubkar an de Geriichtssall transportéiert - Mënz am Wäert vun ëmgerechent 9000 Euro. Déi sëlleche Mënz hunn, dem Affekot no, Ronn 890 Kilo gewien. Den Affekot vun der Ex-Fra wollt dës Suen awer ufanks net unhuelen, well hie sech verweigert huet d'Mënz ze zielen. Den Affekot vum Mann huet awer kloer gestallt, dass de Mann sech vu Frënn a Famill Sue geléint huet a jiddereen him Mënz ginn huet an dass dës Mënz alles ass, wat hien huet. Doropshin ass der Ex-Fra näischt aneschtes iwwereg bliwwen, wéi d'Suen unzehuelen. D'Entschëllegung vun hirem Ex-Mann huet se awer net ugeholl.