
© afp
Zanter 2005 ass d’Zuel vun de Spender a Groussbritannien staark zréck gaangen. Dee Moment ass e Gesetz a Kraaft getrueden, nodeem e Spender kee Recht op Anonymitéit méi huet.
Regierungsaussoen no huet Groussbritannien zejoert ronn 3.000 Spermaprouwen aus Dänemark an 4.000 aus den USA importéiert. Sperma-Importer aus den USA hunn awer bis zu 3 Méint Liwwerzäit, den Import aus Dänemark dauert just eng Woch.