
© Twitter Screenshot
Als President vun de Vereenegte Staaten misst een eigentlech wësse wéi de Fändel vum eegene Land ausgesäit, net esou beim Donald Trump. Dëse war op Besuch an enger Kannerklinick zu Ohio, wou en zesumme mat deene Klenge Pabeier-US-Fändelen ausgemoolt huet.
De President selwer huet zu de Faarwe gegraff, esou de Fotoen no ze uerteelen. Op dësen ass allerdéngs och d’Resultat vum Gekritzelt ze gesinn, an dat schwätzt net fir dem Trump seng Fäegkeeten.
The President has colored his flag wrong.
— Talia (@2020fight) 25. August 2018
That is all. pic.twitter.com/wWXBgR9I6V
Den amtéierende President huet fir d’Sträifen auszemolen zu engem bloe Stëft gegraff, obwuel den US-Fändel just rouder a wäisser opzeweisen huet. Donieft dann e blot Feld mat 50 wäisse Stären, déi fir d’Bundesstaaten stinn, bei de Sträife brauch een awer definitiv net no bloer Faarf ze sichen.
The opioid crisis is one of our top priorities at HHS, with a drumbeat of action on the full range of efforts where we can assist local communities. Today, I joined @POTUS & @FLOTUS in Ohio to learn how states and communities are responding to the challenge of opioid addiction. pic.twitter.com/NwxSoeNznA
— Alex Azar (@SecAzar) 25. August 2018
Gedeelt goufen d’Biller per Twitter an dat aus offizieller Quell, vum US-Gesondheetsminister Alex Azar, deen och bei der Visitt dobäi war. E weidert Bild vun engem Twitter User weist den Trump an Aktioun, Grond genuch fir Trump Géigner dëst als Beweis ze huelen datt hien säin eegene Fändel net kennt.
Ganz ausschléissen datt e Kand Schold um Faarwen-Debakel ass, kann ee natierlech net. Trotzdeem bitt et Twitter User genuch Stoff fir de Geck mam US-President ze maachen.
I was unaware there was a United States of the Netherlands. pic.twitter.com/EMbAd51U8p
— Leon Kums (@g8erlaw68) 25. August 2018