An hei?!Handball-Team verléiert well de Ball am Goal stieche bleift!

Mat enger ongewéinlecher Nidderlag misst sech den Handball-Club HSG Konstanz de Samschde zefridde ginn.

Leschten Update: 27.08.2018, 13:54:24

© Youtube Screenshot

Den Zweetliga-Ofsteiger HSG Konstanz huet säin éischte Match an der 3. Handball-Liga verluer, an dat mat engem spektakuläre Schlussworf. De Ball war nämlech, an der leschter Aktioun vun der Partie, am Kräiz vum Goal stieche bliwwen.

Déi regulär Spillzäit war schonn ofgelaf, wéi den Tom Wolf fir en direkte Fräiwuerf per Opsetzer ugesat huet. De bal perfekt Schoss huet et allerdéngs net iwwert d’Linn gepackt, an ass bommefest tëscht Laatt a Potto peche bliwwen.

Wärend de Wolf enttäuscht op de Buedem gaangen ass, war de Jubel bei de Géigner grouss. D’Spiller a Betreier vum TuS Fürstenfeldbruck, déi schlussendlech mat 24:23 gewonnen hunn, sinn op de Goal zougestiermt an hunn sech gefeiert. Dobäi weisen se ëmmer nees ongleeweg op de Ball, applaudéieren a klappen, wärend dee bommefest  am Kräiz hänke bleift.

Kuckt Iech hei de Video un!