
© Pexels
Eemol mat engem Delfin schwammen, dat ass en Dram vu ville Mënschen. Den 3 Meter laangen Delfin "Zafar" erfëllt dofir eigentlech all d‘Kriterien. Hien dréift sech an der Bucht vu Brest ronderëm, an der Géigend vun den Touristen, a gëllt als besonnesch zoutraulech. An der Vergaangenheet huet en gäre mol Booter eskortéiert oder ass mat de Mënsche geschwommen, dës duerften hie souguer upaken a mat him spillen.
Kuerz drop wollt den "Zafar" awer méi wéi just spillen: den, wéi et schéngt, sexuell frustréierten Delfin hat sech ugewinnt sech u Visiteuren a Booter ze reiwen. Eng Fra huet e souguer aus dem Waasser gehuewen, an e Mann huet en net méi zréck u Land goe gelooss. Béid Persoune goufen ouni Blessurë vu Rettungsschwëmmer aus dem Mier geholl, trotzdeem ginn et nach eng sëllech weider Berichter vum opdrénglechen Delfin.
Doropshin huet de Buergermeeschter vun der ugrenzender Gemeng Landévennec, e Verbuet ausgeschwat dat d’Bueden an Tauchen un der Küst ënnerseet soubal en Delfin an der Géigend ass. Och méi wéi 50 Meter duerft een dem einsamen Delfin net kommen.
Mëttlerweil ass d’Schwamm-Verbuet iwwregens erëm opgehuewen well de "Zafar" sech vun der Küst entfernt huet. Do kann ee just hoffen datt en an de Wäite vum Ozean e passend Weibche fënnt fir säin Sexualdrang richteg ausliewen ze kënnen.