
© Facebook Screenshot / Arley Arboretum
Einhörner fënnt ee säit e puer Joer iwwerall, op als Cornflakes,a Form vu Bettwäsch oder op de Kleeder, dat imaginäert Deier feiert e richteg Hype an der Pop Kultur. Kee Wonner also datt och den Dram op engem Einhorn ze reiden ëmmer méi grouss gëtt. Eng Saach vun der Onméiglechkeet géif ee mengen, net esou zu Birmingham: Am idyllesche Gaardepark "Arley Arboretum" kann ee genee dëst elo maachen!
E richtegt Einhorn konnten se natierlech net aus dem Hutt zaubere mee dofir dat nächst-bescht: Ponyen am Fabeldéier-Look. Bei ville léisen di kitscheg rosa Mähnen, esou wéi d’Plastik-Har, wahrscheinlech net vill méi wéi e Kapp-rëselen aus, bei aneren, virun allem de klenge Visiteuren, suergen déi mystesch Päerdercher awer fir stralend An.
De Päerd selwer wäert dat bësse Faarw an der Mähn wuel relativ egal sinn, virun allem well d’Einhorn-Reide keng alldeeglech Aktivitéit am Park ass, mee just an de britesche Schoulvakanzen ugebuede gëtt. Wann et dann esou wäit ass, gëllt awer méi ass méi! Nieft de schéi gerëschte Ponyen, gëtt et och nach eng Unicorn-Bar, wou Einhorn-Glace, Einhorn-Kuch an allméiglech weidere Schnick-Schnack ronderëm d’Fabelwiese verkaf gëtt.