An hei?!Den éischte Soutien fir Männer ass do!

Déi australesch Firma HommeMystere suergt fir eng Neiheet um Ënnerwäsch-Marché…

Leschten Update: 30.08.2018, 10:04:55

© Instagram Screenshot

Sexy a Spëtzt - zwee Wierder bei deenen een net onbedéngt u Männer-Ënnerwäsch denkt. Ma dat kéint sech elo änneren! Den australeschen Ënnerwäsch-Hiersteller HommeMystere wëll de Marché revolutionéieren a bréngt déi éischt sexy Männer-Dessous eraus.



Op hirer Website erkläert d’Firma datt hirt Zil ass witzeg, bequem an eenzegaarteg Ënnerwäsch ze designen. Dat ass hinne mat dem éischte BH speziell fir männlech Clienten definitiv gelongen. HommeMystere no wär et un der Zäit de Männer och mol Ënnerwäsch ze bidden déi Komfort an Ästhetik kombinéiert.



An dozou gehéiert net nëmmen de Spëtzten-BH, mee och dat passend Höschen, G-Strings a Lingerie. De komplette "Package" also fir de modernen a stilbewosste Mann.