An hei?!Hochzäit ofgesot well d’Gäscht keng 1500$ bezuele wëllen!

Hir Invitéë wëllen d’Hochzäit an der Karibik net finanzéiere – Grond genuch fir dës Braut auszeflippen a sech ze trennen.

Leschten Update: 31.08.2018, 17:25:13

Dass d'Braut kuerz virun der Hochzäit ugespaant ass a sech deelweis villäicht och verreckt behëlt, dat ass näischt Ongewéinleches. Dësen Ausraster vun enger kanadescher Braut huet et allerdéngs a sech a geet elo duerch d’Netz.

Eigentlech wollten d’Susan a säi Verloobte keng extravagant Hochzäit feieren, well hinnen eng Voyeuse awer virausgesot huet Aruba wär déi perfekte Location fir d’Feierlechkeeten, huet missen nei geplangt ginn. Ugespuert haten déi zwee just 15.000 Dollar, dowéinst goufen d’Gäscht ëm déi verbleiwend Sue fir de location-Wiessel gefrot.

Famill a Frënn kruten also eng Invitatioun geschéckt déi, wann ee wollt un der Hochzäit deelhuelen, un een Don vun 1500 Dollar gebonne war. Wien net bereet war de Präis ze bezuelen, war natierlech net wëllkomm. Datt seng Léifst d'Ausluedung géifen a Kaf huelen, domat hat d’Susan awer net gerechent, ëmmerhi geet et hei em de schéinsten Dag vu sengem Liewen.

Wéi sech schlussendlech just 8 Invitéen dozou bereet erkläert haten d’Zomm ze bezuelen, huet de Verloobten agesinn datt et villäicht awer ze vill verlaangt war. Spontan huet hien eng méi gënschteg Hochzäit zu Las Vegas virgeschloen, wou de Gros vun de Gäscht kéint drun deelhuelen. Doropshin ass d’Braut ausgeflippt an huet sech getrennt.

Domat net genuch, d’Susan huet op Facebook e laangen Text verfaasst fir sech iwwert seng Frënn a Famill ze beschwéieren, déi net bereet waren déi "läppesch" 1500 Dollar ze bezuelen, an huet annoncéiert sech elo zréck ze zéie fir sech vun dësem Schock ze erhuelen.



Iwwregens: déi Suen déi bis dato scho bezuelt goufen, kruten d’Gäscht net zréck. Ëmmerhin huet d’Susan sech d’Schmerzensgeld, duerch all deen "emotionale Stress", nu wierklech selwer verdéngt...