An hei?!Hochzäit wéinst Verstéiss géint Code de la Route verluet

Zu Nice huet wéinst Verstéiss géint de Code de la Route eng Hochzäit misse verluecht ginn. Blöd fir d'Koppel déi deen Dag awer an Erënnerung hale wollt.

Leschten Update: 02.09.2018, 18:15:23

© Eldo Archiv

Zu Nice huet d’Hochzäitskoppel net schlecht aus der Wäsch gekuckt wéi d’Gemeng annoncéiert hat, datt der Koppel hire schéinsten Dag am Liewe verréckelt ginn ass. Grond dofir ass d’Behuele vum Cortège vun der Koppel déi fir Verkéierschaos fir Foussgänger an Automobiliste gesuergt hunn.

“Verstéiss géint de Code la route”, “anerer a Gefor bréngen”, “geféierlecht Fueren”, “Blockéiere vun de Stroossen”, “Beleidegunge géint d’Beamten”, sou heescht et vun der Gemeng an dem Buergermeeschter Christian Estrosi.

Aus dem Communiqué vun e Sonndeg geet ervir, datt de Cortège aus engem nërdleche Quartier vu Nice koum a sech net aneschtes beschreiwe léisst wéi “Rodeos op 2 Rieder”. Weider heescht et, datt d’Autoen op den Trottoire gefuer sinn oder den Accès blockéiert haten. Spéiderhi goufe bei der Kontroll vum Cortège, Poliziste beleidegt.

Firwat ass dann d’Hochzäit verluet ginn? Ma, de Buergermeeschter hat dës Decisioun eleng getraff nodeems hie vun der Police iwwert d'Situatioun informéiert gouf an amfong jo sollt matfeieren.