An hei?!Typ iert sech am Haus an deet sech do aus

Nom feieren huet sech dësen 20-Järegen am Doheem geiert a seng Kleeder an der Wunneng verdeelt…

Leschten Update: 03.09.2018, 14:13:47

No enger wëller Partynuecht ass ee frou wann een endlech doheem ukënnt. Blöd just wann ee guer net am eegenen Doheem ass!

An Däitschland hat en 20 järegen Typ sech de Samschden an der Dier geiert an huet nom feieren zwar eng Wunneng fonnt, allerdéngs eng friem. Dobannen ukomm huet dat hien awer net gestéiert, an en huet sech kuerzerhand plakeg ausgedoen. Bei senger Aktioun, seng Kleeder duerch de Gang ze verdeelen, ass en awer gesi ginn, an d’Police ass ugeréckt.

Doropshin ass de Plakert op den éischte Stack geflücht an huet sech probéiert do ze verstoppen. D’Beamte wollten den Alkoholiséierten nees undoen, dësen huet sech awer souwuel géint seng Kleeder gewiert, wéi och iwwerhaapt d’Haus ze verloossen.

Schlussendlech gouf e gefesselt an op de Büro bruecht, wou seng Mamm en dunn siche komm ass.