
© Youtube Screenshot
Eng mini-Versioun vum Bugatti Chiron aus Lego? Dat ass näischt Besonnesches méi! Elo gëtt et de Rennauto aus Plastik nämlech am Moossstaf 1 zu 1, an dee léisst sech souguer fueren.
D’Endergebnis aus däneschem Plastik wéit ganzer 1,5 Tonnen, besteet aus méi wéi enger Millioun Eenzeldeeler an huet d’Lego-Ingenieuren insgesamt 13.000 Stonne kascht fir nozebauen. Dofir gesäit d’Lego Versioun vum Bugatti Chiron awer och erstaunlech echt aus. Hei ass praktesch alles aus Lego, souguer den Tacho, d’Luuchten, d’Steierrad an d’Sëtzer goufe realitéitsno nogebilt.
Den eigentlechen Highlight um liewensgrousse Lego-Chiron stécht awer ënnert der Optik: Duerch 2304 Lego-Motoren, déi 4kW an 92 Newtonmeter generéieren, konnt de Le-Mans-Gewënner, Andy Wallace, als Test-Pilot um nogebaute Rennauto fueren. Wärend den echte Chiron et zwar op 400km/h méi packt wéi de Lego-Modell, dee bei 20km/h d’Héchstgeschwindegkeet erreecht hat, dierft d’Faart trotzdeem eng eemoleg a beandrockend Erfarung gewiescht sinn.