An hei?!Pole-Dance fir d’Rentrée vu chinesescher Spillschoul

A China waren d’Elteren net begeeschtert wéi d'"back to school" Zeremonie vun enger Pole- Dänzerin lancéiert gouf…

Leschten Update: 04.09.2018, 23:23:50

© Pexels

Aner Länner, aner Sitten ? Dat freet een sech wann een sech de Programm vun dëser Spillschoul-Rentrée a China ukuckt.

Ugefaange mat Werbe-Plakater vun enger Pole-Dance Schoul, déi ronderëm d’Gebai siichtbar ausgestallt goufen. Op dëse Puben waren dann Pole-Dänzerinnen a knappen Outfits ze gesinn. D’Eltere vermutte mëttlerweil datt d Danzschoul, der Spillschoul, Sue gebueden huet fir dës, net onbedéngt kannergerecht, Promo.





Wéi d’Zeremonie dunn bis ugefaangen hat, war awer séier kloer, mat Visuelle war et net gedoen. D’Konscht vum Pole Dance gouf de Kanner nämlech och nach direkt live a Praxis virgedroen. Eng Dänzerin, gekleet a knappe Shorts an engem crop Top, huet d’Bühn betratt op deer och eng Staang ze gesi war. Nodeems se e puer sexy Moves op der Danzfläch zum Beschte ginn huet, ass et dunn un d’Staang gangen.




Virun der Bühn si kleng Kanner, net méi al wéi 6 Joer ze gesinn, déi sech de Spektakel mat hiren Elteren ukucken. Dës ware natierlech net begeeschtert vun der aussergewéinlecher Rentrée-Aktioun an hunn sech bei der Schoul beschwéiert. Doropshin huet d Directrice just gemengt Pole Dance wier e gudden Training an eng usprochsvoll Sportaart.

Och wann Pole Dance mëttlerweil als Konscht a Sport ugesi gëtt, ob e Public vu Spillschoulskanner déi ubruecht Zilgrupp ass, dat woen d’Elteren trotzdeem ze bezweiflen…