An hei?!Onerfëllte Kannerwonsch wéinst Anal-Sex

Sou e Mëssverständnes gouf et dach och scho mol um Eldo...?!

Leschten Update: 05.09.2018, 10:48:59

De Kannerwonsch ass bei ville Koppelen e grousst Thema, esou och bei engem Mann an enger Fra aus der chinesescher Stad Bijie. Jorelaang hunn déi zwee et probéiert, awer ouni Erfolleg. Schlussendlech sinn se bei den Dokter gaangen, an hunn do erausfonnt datt de Feeler doru leit wéi se de Geschlechtsverkéier praktizéieren.

Obwuel d’Koppel drop bestanen huet datt si Sex hätten an d’Fra souguer iwwer Péng geklot huet, konnt d Doktesch de Problem séier diagnostizéieren: D’Fra war nach Jongfra!

Am Laf vun der Ënnersichung ass dunn erauskomm datt déi jonk Koppel jorelaang, onwëssent, Anal-Sex praktizéiert huet. Uschléissend huet d Doktesch deenen zwee eng Info-Broschür mat heem ginn, datt de et wéinstens net um Akt selwer scheitere soll. Op de 26-Järegen a seng Partnerin den Dréi mëttlerweil eraus hunn an hirem Kannerwonsch méi no komm sinn, dat ass bis ewell nach net gewosst…


Iwwregens esou e Mëssverständnes gouf et um Eldo och schonn:


#25JoerEldo