An hei?!Esou einfach gëtt ee McDonald's Model

Zwee Studente fannen datt Asiaten do ënnerrepresentéiert sinn a schmuggelen hir eege Foto-Montage als Pub eran, an déi hänkt zanter 51 Deeg an der Filial.

Leschten Update: 05.09.2018, 17:51:35

© Youtube Screenshot

Zwee Studenten aus Houston, déi asiatescher Hierkonft sinn, hu McDonald's mat enger kreativer Protestaktioun op hire Mangel un Diversitéit a Reklammen opmierksam gemaach.

Dem Jevh Maravilla a säi Kolleg Christian Toledo ass opgefall datt d'Burger-Chaîne zwar gäre glécklech, an deels och divers, Mënschen op hire Plakater representéiert, Leit mat asiatesche Wuerzele gehéieren awer net dozou. Kuerzerhand hunn déi zwee decidéiert dat Ganzt selwer an d'Hand ze huelen a sech mat engem Fake-Poster an d'Haaptroll ze setzen.

Wien elo mengt d'Studenten hätten e bëssen um Paint ronderëm gespillt, deen iert. Am typesche Stil vu McDonald's Postere sinn d'Studente lässeg mat Fast Food am Grapp an engem Laachen am Gesiicht ofgebilt. Duerch d'McDonald's Logo an aner Design Elementer déi typesch fir d'Kette sinn, ass d'Plakat am Endeffekt net vun engem echten ze ënnerscheeden.



De Schrëtt nom designe war allerdéngs dee schwéiersten, den Jevh a Christian wollten d'Poster nämlech och un de Mann, oder besser gesot un d'Filial, bréngen. Fir hir Reklamm eranzeschmuggelen, hunn se sech an engem Secondhand-Shop en ale McDonald's T-Shirt besuergt, eng Mataarbechter-Kaart gefälscht a soumat konnt ee vun hinnen d'Poster ganz onbemierkt ophänken.

Zënterhier hänkt et dann och do, an dat scho säit Wochen! Soumat hunn den Jevh a Christian net nëmme fir méi Diversitéit an hirem McDonald's gesuergt, mee och bewisen datt d'Motiv mat deenen zwee Asiate genee sou dozougehéiert wéi all anert och! D'Geschicht ass mëttlerweil dausendfach gedeelt ginn, an och wann et eng kleng Blamage fir d'Chaîne selwer ass, op social Media ass de Fazit vum McDonald's Prank ganz kloer: I'm lovin' it!

Kuckt Iech hei déi ganz Aktioun un!