
© Facebook Screenshot / QAS
Den 72-järege Ron McCarthy huet säit 17 Joer u Bauchspeicheldrüsen-Kriibs gelidden, viru kuerzem sollt en dunn op d’Palliativstatioun an eng Clinique verluecht ginn. An der Ambulanz, um Wee fir dohin, huet hien de Sanitäter uvertraut datt hie säit Deeg kaum nach eppes zou sech huele konnt. Doropshin huet d’Ambulanz-Team de kranke Mann gefrot op wat en da Loscht hätt. De Kriibspatient wollt eng lescht Glace, fir genee ze sinn e Karamell Sundae, an dee Wonsch gouf him erfëllt.
Den ambulanten Déngscht huet spontan e Stopp ageluecht, dem McCarthy déi gewënschte Glace besuergt an deen huet se ënnerwee fir an d’Clinique genoss.
Kuerz drop ass den doudkranke Mann op der Palliativstatioun verstuerwen. Posthum huet d’Ambulanz-Team aus Queensland, Australien, eng Foto vum McCarthy mat senger Glace gedeelt. An de sëlleche Kommentaren, bei deene Leit hiert Matgefill ausschwätzen oder d’Sanitäter fir hir baarmhäerzeg Aktioun feieren, ass och e Statement vum McCarthy senger Duechter ze fannen. Mat de Wieder „Mäi Papp huet et esou genoss. Meng Mamm an ech kënnen iech guer net genuch Merci dofir soen.“, bedankt hat sech fir ee vun deene leschte schéine Momenter déi si sengem Papp erméiglecht hunn.