An hei?!E Reeboufaarwen-Haus géint homophob Noperen

Aus Protest sträicht eng lesbesch Koppel aus Pennsylvania hiert Doheem konterbont.

Leschten Update: 06.09.2018, 16:02:06

© Facebook Screenshot

Viru 5 Joer sinn d’Lisa Licata an d’Sherry Lau zesummen op Penn Hills zu Pennsylvania geplënnert. Wéi d’Nopere gewuer goufen datt déi zwou Frae bestuet sinn an als Koppel zesumme liewen, waren se entsat an hunn deenen zwee ëmmer nees homophob Beleidegungen un de Kapp geheit.

Gewiert hunn déi zwee sech weder verbal nach physesch, als Symbol datt d’Koppel sech awer net ënnerkréie léisst hunn déi zwee en Zonk tëscht deenen zwee Haiser erriicht an deen a Reeboufaarwen ugemoolt. Dat huet natierlech zu méi Haass a méi spatze Kommentare vun de Nopere gefouert. Doropshi sinn d’Lisa a Sherry nach e Schratt méi wéit gaangen an hunn déi Säit vun hirem Haus, déi d’Noperen am Bléck hunn, och faarweg ugemoolt.



An engem Facebook post huet eent vun deenen zwee eng Foto vun hirem Meeschterwierk gedeelt a jidderengem matgedeelt „we are gay and we are here to stay”.

Vun de Nopere koum doropshin nach keng Reaktioun, dofir sinn d’Facebook-User awer begeeschtert vun der Aktioun. Wéi et weidergeet mam Noperschaftskrich bleift ofzewaarden, ëmmerhin ass geplangt dat ganzt Haus am Stil vun der Pride-Flag ze verschéineren.