An hei?!Steet bei verschiddene Parteien alles op der Kopp?

Bis d'Walen ass et nach e bëssen. Ma d'Walplakater goufen e Freideg schonn opgehaangen an ee Plakat stécht do eraus...

Leschten Update: 07.09.2018, 18:38:03

© Eldoradio


Di eenzel Parteien stiechen an de Preparatioune fir d'Walen den 14. Oktober. E Freideg goufen op ville Plaze scho Walplakater opgehaangen. Ma och esou op der N7 vu Maarnech a Richtung Housen. Wann ee sech d'Plakat vun der ADR da méi genee ukuckt, fält engem eng Klengegkeet op - de Lëtzebuerger Fändel ass hei nämlech op der Kopp! Ob dat Ganzt en ongléckleche Feeler ass oder wat dohannert stécht, dat bleift ofzewaarden...

© Eldo Mobile Reporter

© Eldo Mobile Reporter