An hei?!19 Joer al Fra hat keng Loscht méi op Kontrollen

An Éisträich huet eng 19 Joer al Automobilistin d'Police ignoréiert well si fonnt huet, datt si an der Lescht ze vill oft kontrolléiert gouf.

Leschten Update: 08.09.2018, 20:02:29

© Pixabay

Eng ongewéinlech Course Poursuite hat sech d’Police an Éisträich mat enger 19 Joer aler Fra geliwwert. Mat 30 Kilometer pro Stonn ass déi jonk Autofuererin der Police-Kontroll entgaangen.

D’Police konnt déi jonk Madamm awer no 3 Kilometer mat enger zweeter Patrull un d’Hale bréngen. 

De Grond firwat d’Automobilistin net stoe bliwwe wier ass nawell interessant. 

Déi Jugendlech Fra hat uginn datt si an der Läscht ze vill oft kontrolléiert gi wier an dowéinst net ugehalen hätt.

Zimlech kéng déi Fra.