An hei?!Florenz verbitt Iessen op Trottoiren an Trapen

Zu gewëssen Auerzäiten dierfen Touristen net méi op Trottoiren oder Trapen iessen. Mécht een et, da riskéiert een eng Geldstrof vu bis zu 500 Euro.

Leschten Update: 09.09.2018, 10:22:50

© pexels.com

Hutt dir iech schonns eng Kéier op een Trottoir oder op eng Trap gesat fir do z'iessen? Maacht et jiddefalls net an Italien. Déi italienesch Touristestad Florenz verbitt nämlech Iessen op Trottoiren an Trapen zu gewëssen Dageszäiten. Mécht een et awer da riskéiert een eng Geldstrof vu bis zu 500 Euro. 

Déi nei Reegelung ass dës Woch a Kraaft getrueden a gëllt fir bestëmmte Stroossen an der Stad an dat fir d'Mëtteszäit vun 12 bis 15h00, duerno dann nees vun 18 bis 22h00. D'Reegelung soll bis Januar 2019 gëllen.

De Buergermeeschter vu Florenz huet dëst agefouert well vill Touristen d'Stad net respektéiere géifen. Ënner anerem géife si op Trottoiren an Trapen iessen an de Knascht duerno op d'Strooss geheien. Och géife vill dat maache well et méi bëlleg ass wéi an e Restaurant ze goen.





Florenz ass net déi éischt Stad déi op Tëschefäll mat Touriste reagéiert. Nodeems ee Mann plakeg am Trevi-Buer zu Roum geschwommen ass, huet d'Stad d'lescht Joer eng Geldstrof fir déi agefouert, déi bei engem Buer iessen oder dora schwammen.