An hei?!Youtuber lafen an engem Dag, ouni Kaart, duerch Lëtzebuerg!

Vu Stengefort bis Réimech – De Matt a Thomas, vum Youtube-Kanal "Yes Theory", si gutt zu Fouss…

Leschten Update: 10.09.2018, 09:45:23

© Youtube Screenshot

"Yes Theory" ass e social media Projet, virun allem fokusséiert op Youtube Contenue, dee vu 4 Frënn an d’Liewe geruff gouf. An hire Videoe stellen se sech dacks challenges a probéiere Saachen aus fir aus hirer Wuelfill-Zon eraus ze kommen. Ganz no hirem Motto "seek discomfort", hunn sech zwee vun hinnen, de Matt a Thomas, d’Zil gesat innerhalb vun engem Dag duerch e Land an Europa ze lafen, ganz ouni Kart oder Navigatiounssystem.

Wat ufanks no enger Schnapsiddi geklongen huet, ass séier Realitéit ginn, an zwar zu Lëtzebuerg. Mat der Hoffnung e Land esou vun enger ganz anerer Säit kennen ze leieren a sech selwer erauszefuerderen, hunn sech déi zwee op d’Sich no enger passender Location gemaach. Lëtzebuerg mat enger iwwersiichtlecher Gréisst an ugrenzent un 3 aner Länner war do natierlech de perfekte Choix.

Kuckt Iech hei de Video un!

Déi kleng-méiglechst Distanz, mat 40km, sollt vun der Grenz zu Stengefort bis op déi zu Réimech féieren. Vun do aus hunn sech d’Influencer ouni Kaart an ouni Handy, op de Foussmarsch gemaach. Just duerch d’Stroosseschëlter an d’Befroe vu Leit hunn se hire Wee fonnt, och wann dat, wéi een am Video gesäit, guer net esou einfach war. Fazit vum Video ass ganz kloer datt de Schëlter nolafen net ëmmer eng Garantie ass fir richteg, a virun allem séier, unzekommen an datt Leit hir Direktiounen net méi kennen.

No 14 Stonnen Ongewëssheet an op de Been sinn, sinn d‘Youtuber awer schlussendlech un hirem Zil ukomm. Och wann se zouginn datt d’Aventure méi haart war wéi ufanks geduecht zéien se e positive Bilan. Fir Lëtzebuerg ass et natierlech och keng schlecht Reklamm, mëttlerweil gouf de Clip dann ëmmerhin schonn iwwer 200.000 Mol geklickt.