An hei?!Bohlen entschëllegt sech fir Küblböck-Statement

De fréieren DSDS Member Daniel Küblböck ass de Samschde vun enger Croisière gesprongen a gëtt vermësst. Elo huet den Dieter Bohlen sech dozou geäussert...

Leschten Update: 10.09.2018, 18:05:38

© Screenshot Video

Et ass en Instagram-Video vum DSDS-Oldie Dieter Bohlen iwwert den Daniel Küblböck, säi fréiere Schützling, deen e Samschden, wuel fräiwëlleg vun enger Croisière an d'Mier gesprongen ass a wuel säi Liewe gelooss huet. Ma wat de Bohlen a senger selwer ernannter "Dieters Tagesschau" seet, geet duerch säi Pullover ënner. 

Um Pullover steet grouss "Be One With The Ocean" drop.

Vill Leit fannen d'Wiel vum Pullover onpassend. Diskutéiert gëtt och, op et en ongewollte Fauxpas oder vläicht awer eng bewosste Wiel war. 

Kuckt hei de Video:


View this post on Instagram

Daniel Kübelböck #anzeige

A post shared by Dieter Bohlen mit Carina (@dieterbohlen) on




An der Tëschenzäit huet den Dieter Bohlen sech entschëllegt an op Instagram gesot, et wier net esou gemengt gewiescht.

© Instagram dieterbohlen