An hei?!100 Joer Gratis Pizza fir en Tattoo

liewenslaang Pizza fir onvergängleche Kierper-Schmuck, eng Offer déi vill Leit net oflehne konnten...

Leschten Update: 13.09.2018, 16:31:26

© Screenshot Instagram

A Russland huet déi bekannte Pizzachaine Domino’s seng Clienten erausgefuerdert. Jiddereen deen sech hiert Logo tätowéiere léisst kritt 100 Pizzaen am Joer gratis, an dat genee 100 Joer laang. D’Viraussetzunge ware relativ einfach: Den Tattoo huet missen ob enger Platz sinn, déi ee gutt gesäit, an all Joer gi Kontrollen duerchgefouert ob den Tattoo nach do ass.



Déi Aktioun, déi eigentlech ganzer zwee Méint sollt undaueren, gouf no zwee Deeg erëm ofgebrach. Grond: An där kuerzer Zäit haten sech schonn ze vill Leit gemellt datt et nach rentabel wier. Déi éischt 350 kënnen nach vun der Offer profitéieren, déi Aner lafen elo entweder hiert ganzt Liewe mat enger gratis Reklamm vun Domino's op hirem Kierper ronderëm, oder kënnen hoffen, dass si en ewechgelasert kréien. Egal wéi stécht hannert dem Tattoo eng Geschicht déi een net esou séier vergësst, a Russland huet elo e puer honnert Leit méi mat engem rout-bloe Bildchen um Kierper.