An hei?!Millionär bezuelt Fra fir en Iewen ze kréien

E briteschen Aristokrat sicht eng Liewenspartnerin, déi him géint Bores, e Kand schenke géif.

Leschten Update: 14.09.2018, 10:39:03

© Youtube Screenshot

Am britesche Fernseh, an der Emissioun "Good Morning Britain", war de Freiden den 72-järege Sir Benjamin Slade ze gesinn an ze héieren. Do huet den Aristokrat nämlech annoncéiert op der Sich no engem Iewen ze sinn.

Seng Critère si ganz konkret: de Millionär sicht eng Fra déi en Helikopter ka fléien, eng Lizenz huet fir ze schéissen, tëscht 30 a 40 Joer al ass a mindestens 1.76 miesst. An de leschten a wuel wichtegste Punkt: déi Auserwielte soll eng Famill mat him wëllen. Fir genee ze sinn ass e Kand dat wat de Sir am meeschte wëll, en Iewen, an am léifsten natierlech e Bouf.



Vu senger leschter Frëndin hätt e sech getrennt well  et ze al war fir Kanner ze kréien. Mat dësem Opruff soll et dann elo besser klappen. An d’Kandidatin soll natierlech och eppes dovun hunn: déi Auserwielten dierf dem Millionär dobäi hëllefe säi Räichtum auszeginn. Esou soll si als Géigeleeschtung fir den Iewe mat Vakanzen, exquisittem Iessen, Galaen an engem Täschegeld vu 56.000 Euro belount ginn. Dem Aristokrat no wier dat nëmme fair, eng Bezéiung soll jo 50/50 opgedeelt sinn.