An hei?!Hausaarbecht mat peinlechem Feeler

Studentin vernennt säi Professer op Pabeier a schéckt d'Aarbecht inklusive Beleidegung of - deen hëlt säin neien Numm mat Humor…

Leschten Update: 01.10.2018, 13:17:19

D’Studentin Zoey Oxley aus den USA huet sengem Professer eng Hausaarbecht geschéckt. Sou wäit eng ganz normal Geschicht, wär do net dee peinleche Feeler deen him ënnerlaf, a virun allem vill ze spéit opgefall, ass. Dat 18-Järegt hat sengem Proff säin Numm kuerzzäiteg vergiess a spontan en aneren agesat, an der Hoffnung e géif em méi spéit afalen. 

Leider ass et em weder agefall nach huet et dru geduecht den Ersatznumm "Professor whats his nuts" ewech ze maachen. Dëse wollt et eigentlech nëmmen als Plaz-Opfëller benotze fir sech selwer drun ze erënneren datt et de Richtege muss asetzen. Iwwersat bedeit de Language just datt et de Numm vergiess huet, esou ausgedréckt, allerdéngs op eng zimlech vulgär Aart a Weis.

Wéi et em bis opgefall war, war d’Aarbescht scho fristgerecht a vollstänneg ofgeschéckt - mat falschem Numm! Duerno huet et zwar probéiert, säi Feeler réckgängeg ze maachen, allerdéngs huet dat net méi geklappt.

Doropshin huet et sech beim Professer gemellt a sech, mat de Wierder, datt et seng Onprofessionaliéit bereit an et bei der nächster Aarbecht drop oppasst, de richtegen Numm ze benotzen, entschëllegt. D'Zoey hat Gléck am Ongléck: De Professer huet Humor a konnt sech ëffentlech iwwert de Malheur ameséieren.





D'Geschicht, mat senger cooler Reaktioun, huet hien kurzerhand op Twitter gedeelt. Mee domat net genuch, och säin Username huet hien spontan a "Professor whats his nuts" ëmgeännert an domat Studenten weltwäit begeeschtert.