An hei?!Bezéiungsvertrag mat 22 Reegelen

1x den Dag muss "Ech hunn dech gär" gesot ginn - Eng Fra aus den USA huet mat hirem Frënd e strengt Ofkommen ausgehandelt.

Leschten Update: 10.10.2018, 14:26:55

© www.pexels.com

All Bezéiung huet hir Reegelen, déi eng offensichtlech, wéi net friemgoen an enger monogamer Bezéiung, déi aner gëllt et ze definéieren. Eng Fra an den USA huet sech dat zu Häerze geholl an hir Reegele schrëftlech an engem Bezéiungsvertrag festgehalen. Wien elo mengt dat wäre Klengegkeete wéi d’Ofgewinne vun onbeléifte Gewunnechten, deen iert!

De Vertrag besteet aus 22 knallhaart, deels richteg skurrillen, Reegelen un déi sech de Mann ze halen huet. Erauskomm ass dat ganzt well en Twitter-User den Ziedel an engem Auto léie gesinn a fotograféiert huet. Dës Foto huet en dunn mat de Wieder "Iergendeen aarme Kärel huet dëse Vertrag vu senger Frëndin am Auto leie gelooss" am Netz gedeelt. Mëttlerweil gouf de Post geläscht, well vill Leit dovun ausgaange sinn datt et sech beim "aarme Kärel" em hie selwer géif handelen.

Medie sei Dank goufen d’Reegele virdrun awer an engem screenshot festgehalen:

  1. Du dierfs KENG eenzeg Handysnummer vun enger Fra hunn
  2. Du dierf KENGER eenzeger Fra an de sozialen Netzwierker followen
  3. Du dierfs näischt mat dengem Frënd Keegan ënnerhuelen (weder a sengem Haus – nach soss enzwousch an der Ëffentlechkeet)
  4. Du fiers NET ouni mech mam Auto
  5. Du dierfs dech NET méi wéi zwee Mol an der Woch mat denge Kollegen treffen
  6. Du dierfs KENGER Fra hannendru kucken
  7. Wann dech eng Fra uschwätzt gees de direkt fort
  8. Däi Frënd Mo ass net all Kéier dobäi wann mir eppes ënnerhuelen
  9. Du frees NET ob ech dir ee blose kann
  10. Du bass NI wéinst iergendeppes rosen op mech
  11. Du dierfs NI méi deng Frënn Tyler, Noah, Deven oder Josh matbréngen
  12. Du dierfs KEEN Alkohol drénke wann ech net dobäi sinn
  13. Ech dierf däin Handy checken, ËMMER wann ech dat wëll
  14. Wa mer zesumme plënner, wäerten NIMOOLS aner Fraen an eist Haus trieden
  15. Wa mer zesumme plënnere wäerten deng Frënn SEELEN op Besuch kommen
  16. Wann ech dech jee mat enger anerer Fra erwësche bréngen ech dech ëm
  17. Du sees mir NI wéinst denge Frënn of
  18. Däi Frënd Austin huet näischt ze melle wa mir zesummen Zäit verbréngen
  19. Mir gi mindestens EEMOL all zwou Wochen op en Date
  20. Wann ech soe "Sprang" da frees du "Wéi héich meng Prinzessin?"
  21. Du sees mir gefällegt eemol den Dag dass de mech gären hues
  22. Et verginn NI méi wéi 10 Minutte bis du mer zréckgeschriwwen hues

Do kann een dach just hoffen datt dat Ganzt e fake ass...