An hei?!E Froebou fir all d'Ex-Partner

Mat zwou Säiten detailléierte Froe wëll d'Katherine erausfannen, wat a senge Bezéiunge schif gelaf ass.

Leschten Update: 11.10.2018, 12:04:14

© www.pexels.com

Wollt dir och schonn ëmmer wëssen u wat genee är lescht Bezéiung gescheitert ass, fir déi Feeler an da nächster Bezéiung ze evitéieren? Da maacht et esou wéi d'Katherine! D'Amerikanerin huet nämlech en zwee Säite grousse Froebou opgestallt, fir genee ze wëssen, wourop hat nächste Kéier oppasse muss.

Enner anerem freet hat: "Vu wéini u wousst du, dass et mat eis net méi funktionéiert?", "Wat hätt ech kéinte maachen, fir dass et besser gelaf wär?" a ganz wichteg "Géifs de mech engem Kolleg proposéieren? Wa jo, da schreif seng Nummer hei hin!"




Eng Frëndin vum Katherine huet säi Froebou einfach mol op Twitter gedeelt. Do ass dat Ganzt zimlech gutt ukomm, den Tweet krut nämlech iwwer 21.000 Likes an ass iwwer 4.000 gedeelt ginn. Hoffe ma, dass d'Katherine esou besser op seng nächst Bezéiung virbereet ass...