An hei?!Loscht op Anti-Trump Glace?

Net déi éischte Kéier bezitt d'Mark "Ben & Jerry's" Stellung zu hirer politescher Meenung! Dës Kéier mat enger Anti-Trump Glace mam Numm "Pecan Resist".

Leschten Update: 31.10.2018, 16:40:53

© www.pexels.com

Déi bekannte Glacë-Mark "Ben & Jerry’s" huet eng Glacenzort erausbruecht, déi géint den Trump oprifft. Scho bei anere politesche Beweegungen, wéi z.B. der ,"Black Lives Matter"-Beweegung hunn d’Grënner vun der Entreprise kee Geheimnis aus hire politesche Meenunge gemaach an hu Stellung bezunn.

Mat hirer neier Glacenzort "Pecan Resist" wëlle si een Zeeche setze fir friddleche Widderstand géint d'Trump-Regierung ze leeschten. D’Entreprise wëll verschidden Organisatiounen ënnerstëtzen, wéi z.B. de "Women’s March", d'"Color of Change" Beweegung, d’Rechter vun den Afroamerikaner ënnerstëtzen oder och Aktivisten ënnerstëtzen, déi géint den Trump sinn. Aus deem Grond gëtt et ee Mix aus verschiddenen Zutaten, wéi z.B. aus wäiss an donkel Fudge-Stécker, aus Pekan- a Walnëss, souwéi aus Mandelen.

Ënnerstëtzer vum Amerikanesche President wëllen "Ben & Jerry’s" elo boykottéieren, wéi der puer op Twitter ugekënnegt hunn. Ob si hinnen awer wierklech kënne Schued zoufügen ass éischter onwahrscheinlech, well "Ben & Jerry’s" schonn zënter laangem déi Demokratesch Partei ënnerstëtzt.