An hei?!Dramjob fir all Hondsfrënd

100 Dollar pro Stonn kritt een an engem Restaurant an Texas fir mat Hënn ze spillen.

Leschten Update: 02.11.2018, 16:36:01

© JOSEPH EID / AFP

Schluss mat langweilege Jobs: „MUTTS Canine Cantina”, en hondsfrëndleche Restaurant zu Fort Worth an Texas sicht nämlech ee Stagiaire, dee fir 100 Dollar d’Stonn mat Hënn spillt. Fir all Hondsfanatiker also een Dramjob!

Der amerikanescher Zeitung “Bustle” no besteet den Job doranner, op d’Hënn vun de Clienten am Hondspark opzepassen a mat hinnen ze spillen. Dee sougenannte “Puptern” kritt esouguer säin Iessen a Gedrénks bezuelt.

Niewent dem Restaurant, an deem d’Hënn hir Besëtzer begleeden dierfen, gëtt et och ee Park an deem sech d’Hënn auspowere kënnen.

Wien elo e sougenannten “Puptern” wëll ginn, huet nach bis den 12. November Zäit sech ze mellen. Et muss een eng Foto oder e Video op sengem perséinlechen Instagram-Account posten an erkläre firwat ee fir dës Aarbecht de richtege Kandidat ass. Zousätzlech muss ee “MUTTS Canine Cantina” drop verlinken. Ausserdeem muss een 18 Joer hunn.