
© SAM YEH / AFP
Kee weess wou se hierkënnt, kee weess wéi se wierklech heescht. An trotzdeem kritt des Int am Moment déi ganz Opmierksamkeet.
Si ass enges Daags einfach am Central Park opgedaucht. Duerch hiert speziellt Ausgesi bleiwen d'Leit stoen a fotograféieren se. Normal, schliisslech gesinn déi Inten déi mir kenne ganz anescht aus.
Tuesday was looking like a normal work day until I went to Central Park to chase a beautiful duck around a pond. https://t.co/0CKLESL9da
— Julia Jacobs (@juliarebeccaj) October 31, 2018
Grad wéinst hire flotte Faarwen huet d'Int vun de Stilberoderinne vun der "Elle" elo den Numm "Glamour Duck" kritt. An net nëmmen dat: D'"New York Magazine" huet se souguer zum beléiftste Jonggesell vun New York ernannt.
Mä wou kënnt dat Déier da lo eigentlech hier? Mandarin-Inte liewe jo awer éischter an Ostasien. Et gëtt driwwer spekuléiert, op d'faarweg Int aus dem Zoo ausgebechst ass, oder vu sengem Besëtzer fortgeflunn ass. Bis elo gouf si vu kengem vermësst.
Mëttlerweil huet d'"Glamour Duck" souguer een eegenen Twitter-Account.
People think I'm really fancy.
— Central Park Mandarin Duck (@NYCMandarinDuck) November 1, 2018