An hei?!An 157 Deeg ronderëm Groussbritannie geschwomm

Rekord: De Ross Edgley ass als éischte Mënsch eemol komplett ëm d’Insel geschwomm.

Leschten Update: 05.11.2018, 09:57:28

© Twitter Screenshot

Den 1. Juni huet de Ross Edgley sech um Strand vu Margate, am Südoste vu Groussbritannien, op de Wee gemaach. Oder besser gesot a seng Schwammsaache geschmass: Hien wollt nämlech als éischte Mënsch eemol komplett ronderëm d’Insel schwammen.

De Sonnden huet e Margate, an domat säin Zil, nees erreecht, an déi 2883 Kilometer laang Stréck innerhalb vun 157 Deeg zréckgeluecht. Ufanks war de Sportler zwar vun 100 aplaz vun 157 Deeg ausgaangen, verschidde Bedéngunge wéi héich Wellen, Stréimungen, Keelt, esou wéi 37 Begéinunge mat Jelliskäpp hunn  de Rekordversuch awer erschwéiert. Bis zu 12 Stonnen den Dag ass den Edgley geschwommen, a wann e net am Waasser war huet en a sengem Begleet-Boot gerascht an insgesamt méi wéi 500 Banannë konsuméiert.

Wéi en de Sonnden, no 5 Méint, déi éischte Kéier erëm feste Buedem ënnert de Féiss hat, huet e seng Famill an Zuschauer mat de Wierder "Deet mer Leed, ech sinn ze spéit" begréisst. Och wann e mat Nowierkungen ze kämpfen huet an net alles esou geklappt huet wéi gehofft: An d’Guiness Buch vun de Rekorder ass dem 33-Järege sécher.



Säin éischte Rekord ass dat allerdéngs net, nieft dem Emrande vu Groussbritannien, huet en och schonn eng Kéier e Marathon absolvéiert bei deem en en Auto hannert sech gezunn huet a viru puer Joer ass de Brit esou laang Seeler eropgeklommen bis en d’Héicht vum Mount Everest erreecht hat. Dat ass mol Disziplin...